HomeA.S.Co.T.

Home page | Members | Contact

  • History
  • All Sports
  • Press
  • Partners
  • Charity
  • Photo album
  • Members' list
  • Organization
  • Boutique

Also available in :
Europe Austria Bahamas Belgium Brazil Denmark England France Germany Hungaria
Italy Luxembourg Mexico Monaco Netherlands Norway Portugal Russia Spain Sweden

Gechicht vun  A.S.Co.T.

Den A.S.Co.T.Club deen 1991 gegrënnt gin as, ass eng Associatioun vu Frënn.

Et wor iwwert dem Tennis-spillen, all Donneschdeg Owend, wou d’Grënner hir Frëndschaft verdéift haten.  Sie waren sech bewosst wat hire Sport hinnen bruecht huet an durch déi verschidden Länner aus deenen se stamen wéi Däitschland, Eisterräich, Frankreich an Ungarn hun se décidéiert d’Konzept ze erweideren. Esou as an engem „Biergarten“ vum schicken Véierel Grossflottbek vun Hamburg d’Iddi vum éischten Tournoi vun Lännermanschaften entstan.  

D’Vocation vun A.S.Co.T.  ass fir am Laf vun der Zäit e richtegen internationale Club ze ginn, deen d’Relatioun tëscht senge Memberen op de Sport opbaut andeems en all Joer en Tennistournoi organiséiert.

Bal all Memberen können sech sief et duerch hir Erzéiung oder hire Beruff am Laf vun deem selwechte Gespréich, souwuel op englesch, däitsch, op franséisch, op spuenesch oder esouguer italliénesch ausdrécken.

Wann et vun der Geschicht hir den Tennis war, deen di sechs Grënner zesumme bruecht an den A.S.Co.T. Club Konzept lancéiert huet, da bleiwen d’Dieren awer op fir aner Disciplinen. Dohier och d’Bedeitung vun der Ofkierzung A.S.Co.T.:

„All Sports Country Team“

Di sechs Grënner, déi liewenslänglech Membere bleiwen, ginn och nach „d’Kardinäl“ genannt, well den A.S.Co.T. Wopen deen se op hirem Blazer droen e roude Fong huet.
Et handelt sech em:
Joachim-Anton von ALVENSLEBEN
 Graf du BEDIESSE
Jochen HEINS
Bernhard von HOHBERG und BUCHWALD
Graf Nicolas von ROSTY-FORGÁCH

Graf Christian zu STOLBERG-STOLBERG

Déi veier éischt Editiounen vun deser Zort "Davis Cup" huet op der Küst vun der Baltik um fantasteschen Site vum Louisenlund Internat stadfond, Dank
Senger Altesse dem Prënz Christoph zu SCHLESWIG-HOLSTEIN.

Member vun der A.S.Co.T. gëtt een, andeems een un engem Frëndschafts-Tournoi deelhëlt.

Et gëtt een‚ Eieremember duerch säi Verdéngscht, duerch säi perséinlechen Engagement. Ganz besonnesch awer,  andeems ee bei der Organisatioun mathëlleft, an zu der Qualitéit vun den Evenementer bäidréit, oder, andeems een de Krees vun de Memberen erweidert an d’Vertraue vun neie Bedeelegten, aus Natiounen déi nach net vertruede sinn, gewënnt.

Eemol am Joer, am Kader vun engem "Player’s Dinner" ginn di Auserwielt duerch e Wopen op grénge Fong ausgezeechent.

Esou as t’Devise vum A.S.Co.T.  Club am sënn an der Traditioun vun den Musketéier:

„Een fir all an all fir een!“

  • MONACO 2010
  • MONACO 2009
  • LATEST NEWS (Public)
  • LATEST NEWS (Members)
  • CHARITY

Top of page

© 2010 A.S.Co.T. - All rights reserved